Historique

  • De Stefan (Etienne) Welschbillig , gebuer 1842 zu Iechternach, huet zu Heidelberg Apdikt studéiert an iwwerhëllt 1870 d’Apdikt Rothermel zu Esch-Uelzecht. Heen wor bestuet mam Marie Schmit. Heen plënnert d’Apdikt 1872 vun der Place des Remparts an di deemoleg rue de la Gare. Heen liewt bis den 1.5.1895.
  • De Guillaume Welschbillig (1873-1948), studéiert zu München an féiert dem Papp Stefan séng Apdikt weider (1895-1937). Heen wor bestuet mam Marie Prussen.
  • De Georges Welschbillig studéiert zu Stroosbuerg, an gët Titulaire vun der Apdikt vun 1938 bis 1968. Heen wor bestuet mam Yvonne Wolter an liewt bis den 4.7.1982.
    D’Apdikt gët 1967 an de Centre Mercure verluecht.
  • De Fils Pol Welschbillig bestuet sëch mam Marianne Leitz. Sie studéieren allen 2 Pharmacie zu Paräis, iwwerhuelen de « Familje-Betrieb » 1969 an féieren en bis 2002. D’Marianne Welschbillig-Leitz mëcht en zousätzlëchen Diplom als Laborantin an mëcht 1964 en Laboratoire d’Analyses Médicales iwwer der Apdikt op.
  • D’Cathy Welschbillig studéiert Pharmacie zu Stroosbuerg, schafft duerno an verschiddenen Apdikten, an iwwerhëllt d’Apdikt Welschbillig am Januar 2003.

 Voici encore un lien intéressant concernant la santé publique dans le bassin minier au 19e siècle, recherches faites par Monsieur Jos Massard: https://massard.info/die-medizinische-versorgung-der-bevolkerung-des-kanton-esch-im-19-jahrhundert/